Select your language

D’Sprooch ass, fir de Mënsch a fir d’Päerd, déi natierlech Fäegkeet fir ze kommunizéieren.

Fir eng Bezéiung tëschent Mënsch a Päerd, déi op Vertrauen a Respekt baséiert, opzebauen, ass eng fein a kloer Kommunikatioun néideg. Als diploméierten Dokter an de Sproochwëssenschaften vun der Université Sorbonne Nouvelle – Paris III an Université du Luxembourg wenden ech d’Prinzippie vun der natierlecher Sproochfäegkeet am Training mat de Päerd un. Qualitéiten ewéi Gedold, Disziplin a Rou mat de Päerd si mir wichteg.

D’Päerd steet am Mëttelpunkt vun der Dressur. Ech interesséiere mech ganz besonnech fir d‘Philosophie vun der traditionneller Portugisescher Reitkonscht, wou den Ausdrock an d’Schéinheet vum Päerd ervirgeholl gëtt. Scho mat 8 Joer hunn ech mech fir Päerd passionnéiert an ech versichen esou gutt wéi méiglech de Stolz an de Courage vun all Päerd am Training z’erhalen. Duerch déi Approche vum „classical horsemanship“ ass et méiglech, e Päerd a sengem Ganzen auszebilden. Vum physeschen Opbau bis hinn zu der Fuerderung vu senger Intelligenz a vu sengem Charakter: E Päerd soll gläichzäiteg léieren a sech entfalte kënnen.

D’Buedemaarbecht, haaptsächlech d'Gymnastik un der Hand, ass d’Basis vun der Erzéiung vum Päerd. Ech hat d’Geleeënheet, eng Formatioun am Institut du Cheval et de l’Équitation Portugaise a Frankräich beim Carlos Henriques Pereira ze maachen a mech am Centro Equestre da Lezíria Grande a Portugal beim Sofia Valença a sengem Team weiderzebilden. Duerch d’Aarbecht mat Lusitano Hengschten konnt ech mir bewosst ginn, wat Liichtegkeet ass an ech hu meng Technik a mäi Gefill um Päerd verfeinere kënnen.

Reitkonscht dréit zu der perséinlecher Entwécklung vum Reider bäi. Säit dem Ufank vu menger professionneller Akitivitéit ass meng Leidenschaft fir d’Päerd méi grouss ginn an ech sammelen all Dag nei Erfarungen. Ech interesséiere mech vill fir d’Reitliteratur an ech maache reegelméisseg Formatioune fir mech weiderzebilden a fir meng Aktivitéit a meng Offer weider z‘entwéckelen.